D’Reform vum Jugendschutzgesetz gesäit ënner anerem eng Trennung vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht vir a soll d’Rechter vu Kanner a Jugendleche stäerken. Den Ament gëtt nach op den Avis vum Staatsrot gewaart.
Deemno wier lo e gudden Zäitpunkt fir e Suivi vun der Transitioun ze decidéieren, esou d’Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng.
"Datt ee sech elo scho Gedanke mécht a sech elo scho begleede léisst, fir ze kucke wou sti mer haut a fir da genau kënnen ze suivéieren, wat ass den Impakt vun deene Gesetzer? Erreeche mer déi Ziler, déi mer eis gesat hunn? Kréie mer e bessere Jugendschutz? Kréie mer e bessert Jugendstrofrecht, respektiv op wéi enge Punkt muss ee gegeebenenfalls duerno nach usetzen?"
Fir d’Sam Tanson wier et gutt déi Analys net réischt ze maache wann d’Gesetzesreform bis fäerdeg ass.
Fir d'Majoritéit kéint de Suivi an zwee Joer gemaach ginn
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann wéilt awer genee dat ofwaarden.
"Mir sinn domat net géint d'Suivi, Evaluatioun a Monitoring am Géigendeel, mee dat zu deem Moment, wou de legislative Prozess hei op en Enn komm ass, wat an eisen Aen elo déi absolutt Prioritéit ass."
Och fir d’CSV an d’ADR géif dës Motioun ze fréi kommen. Fir den CSV-Deputéierte Laurent Mosar kéint een e Suivi awer ronn zwee Joer nom Akraafttriede maachen.
Oppositioun wënscht sech een Iwwerbléck
D’LSAP, d’Piraten, déi gréng an déi Lénk hätte sech esou e Suivi dogéint elo scho gewënscht. Den LSAP-Deputéierten Dan Bianacalana fënnt, et misst een d'Auswierkungen op déi betraffe Familljen a Kanner kennen.
"Wann d'Praxis an de Geriichter, bei de Justizautoritéiten, bei de soziologative Strukturen an och bei den zoustännegen Administratiounen ugepasst ginn, da musse mir och wëssen, wat fonctionnéiert? Wou et blockéiert et?"
Den Dan Biancalana huet weider gewarnt, datt een ouni kloren Iwwerbléck géif riskéieren dono guer keng richteg Evaluatioun vun der Reform kënnen ze maachen.