Gegrënnt vun der Pianistin Cathy Krier an der Geiistin Laurence Koch, huet de Catch Music Festival een Zil: Déi lëtzebuergesch Kammermusekszeen dem Public méi no bréngen. Am Gespréich mam Marie Trussart hunn d'Laurence Koch an d’Tresorière vun der asbl Michèle Schneider e Bilan vun der leschter Editioun an hu verroden, wat de Public erwaart a firwat Kammermusek als Format besonnesch gëeegent ass fir engem méi breede Public klassesch Musek méi no ze bréngen.