Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Camion mat Salzsaier ausgelaf: CGDIS weider am Asaz, keng Gefor fir Mënsch an Ëmwelt

Aire de Berchem

Camion mat Salzsaier ausgelaf: CGDIS weider am Asaz, keng Gefor fir Mënsch an Ëmwelt

D’Rettungsdéngschter schaffen de Moment op der Aire de Berchem weider drun, fir Salzsaier, déi do ausgelaf war, ofzepompelen. Ee Camion hat d’Flëssegkeet do an der Nuecht verluer.

auto_stories

1 min

© CGDIS
Foto: CGDIS

Et hätt zu kengem Moment eng Gefor fir d’Bevëlkerung bestan, heescht et vum CGDIS op eis Nofro hin. Eng 20 Leit wieren domat befaasst fir déi ondicht Cuve vum Camion eidel ze maachen. Duerno gëtt d’Salzsaier gebonnen, verdënnt a speziell entsuergt.

Eng Gefor fir d’Ëmwelt wier a priori och net ginn, wann d’Rettungsaarbechte wéi geplangt ofgeschloss ginn. D’Aire de Berchem war wéinst dem Virfall de Moie kuerzzäiteg gespaart. Wéi et dozou konnt kommen a wat mam Camion geschitt, wier bis elo onkloer, heescht et weider vum CGDIS.