Groussbritannien

Brittescht Parlament stëmmt géint Legaliséierung vu Stierfhëllef an England a Wales

Am Ganzen hunn 286 Deputéiert géint d'Gesetzespropos gestëmmt, mat där d'Stierfhëllef legaliséiert sollt ginn, 270 hunn dofir gestëmmt. De Gesetzprojet war am Summer zejoert nach knapp am Parlament ugeholl ginn.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat iewescht Parlament, d‘House of Lords, hat d‘Gesetz awer duerno blockéiert. Mëtt Juni war den Text nees fir e Vott am Parlament deposéiert ginn.