Schonn als Kand e grousse Bach Amateur
Et ass keen Zoufall, datt de Perrucci sech d’Musek vum J.-S. Bach erausgesicht huet. De jonke Pianist huet eng ganz emotional Bindung zum Komponist: scho wärend senger Kandheet tëschent Florenz an Australien huet hien eng grouss Roll gespillt.
De Ferrucci verbënnt dem Bach seng Musek mat deenen zwou Plazen. Italien fir seng Traditioun, seng Grëndlechkeet an seng Disziplin an Australien fir seng Fräiheet, Modernitéit a Fantasie. Dem Bach seng Musek ass fir de Ferrucci d'Synthese vun dëse géigesätzlechen Erfarungen. Hie gesäit d’Toccate vum Bach als eng Art Spillplaz, déi voller Spontanéitéit ass a wou de Bach experimentéierfreudeg d'Grenze vum Genre sprengt. 2020 hat hien d'Goldbergvariatioune am Kader vun enger Tournée gespillt.
En Alldag tëschent Yoga a Musek
De Jonathan Ferrucci praktizéiert zanter 10 Joer Ashtanga Yoga an dat all Dag. Fir hien ass dat wéi eng Aart Beweegungsmeditatioun, déi him a senger Carrière als Pianist hëlleft, e bessert Bewosstsënn fir säi Kierper ze kréien. Beim Pianospillen huet et him gehollef seng Gesten a Beweegunge méi bewosst wouerzehuelen a méi kontrolléiert ze spillen.
Pianist a Yogi
Yoga huet him bäibruecht Erausfuerderungen an Erfarungen, egal ob se positiv oder negativ sinn, einfach mol unzehuelen wéi se sinn. A Stresssituatioune hëlleft him seng Yogapraxis roueg a konzentréiert ze bleiwen. De Ferrucci schéngt eng ënnerlech Rou fonnt ze hunn: Yoga hëlleft him achtsam ze bleiwen, esou wuel wat seng Gefiller, wéi och wat seng Emgebung ugeet. Den héichen Drock an d’Urteeler, deenen hien an enger Musekercarrière regelméisseg begéint, konnt hien duerch de Yoga bewältegen.
Yoga a Musek: zwou "Sproochen" fir d'Menschheet ze verstoen
De Ferrucci erkennt lauter Parallelen tëschent dem Yoga an der Musek. Hien übt Yoga wéi och de Piano all Dag. Seng zwou Passiounen ginn him e kierperlechen Ausglach. Wéi hie selwer seet, sinn allebéid “Sproochen”, déi him dobäi hëllefen ze verstoe wat et bedeit, Mënsch ze sinn.
