Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Tommaso Traetta - Bella armonia vieni, aus 'Le Feste d'Imeneo' (Oper) - Nuria Rial (Sopr.), Artemandoline, Juan Carlos Muñoz (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Bach & Söhne

Klassik Aktuell

Bach & Söhne

Den traditionelle Concert Au Seuil de l'Avent vun der Maîtrise dréint sech dëst Joer ëm de Johann Sebastian Bach a seng Jongen.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Sänger (Tenor), Dirigent vun der Maitrise | © radio100,7 play_arrow
Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise

Mat Komponisten aus enger richteger Groussfamill invitéiert d’Maîtrise vun der Kathedral op hire Concert «Au Seuil de l’Avent». Rieds ass vun der Famill Bach: De Johann Sebastian war als Museker a Komponist e Virbild fir seng Kanner, dorënner de Wilhelm Friedemann an de Johann Christoph Friedrich.

Ënnert dem Titel "Bach & Söhne" interpretéieren d'Sängerinnen an d'Sänger vun der Maîtrise zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg ënnert anerem dem Johann Christoph Friedemann Bach säi Wierk: "Wachet auf, ruft uns die Stimme".

Am Interview mam Jeremy Ney zielt de Marc Dostert méi iwwert de Programm a wisou grad dëst Stéck eng besonnesch Bedeitung fir hien huet.

Lauschterenplay_arrow