Weltklimakonferenz zu Belém

Ausernanersetzung tëschent Protestanten a Sécherheetspersonal

Op der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie koum et bei engem Protest vun Aktivisten zu Ausernanersetzunge mam Sécherheetspersonal. Vertrieder:inne vun den indigeene Populatiounen a Studenten hunn ee Site vun der Konferenz gestiermt.

auto_stories

1 min

EPA/ANDRE COELHO | © EPA/ANDRE COELHO
Demonstranten op der COP30 zu Belém (Foto: EPA/ANDRE COELHO)

D'Aktivisten hu géint d‘Zerstéierung vum Reebësch protestéiert a gefuerdert, datt déi indigeen Vëlker méi Matsproocherecht misste kréie bei Decisiounen iwwer d'Amazonas-Gebitt. E Vertrieder sot der Noriichtenagence Reuters, vill Leit aus den indigeene Populatioune wiere rosen iwwer grouss industriell a wirtschaftlech Projeten, déi den Ament am Amazonas realiséiert ginn.