Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Claude Debussy (arr. Camille Pépin) - Images pour piano, série 1, L. 110, II. Hommage à Rameau - Orchestre De Picardie, Arie van Beek (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Streidereie bei der Police wéinst Gewerkschaftsaarbecht

Syndicat Professionnel de la Force Publique

Streidereie bei der Police wéinst Gewerkschaftsaarbecht

De Christian Hoffmann, Generalsekretär vun der Policegewerkschaft SNPGL, géif vu senge Virgesaten op Grond vu senger gewerkschaftlecher Aktivitéit kujenéiert ginn. Dat schreift de “Syndicat Professionnel de la Force Publique”, kuerz SPFP, an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Police | © Alena.K / Bigstock
Police (Foto: Alena.K / Bigstock)

Wéi et heescht, géif de Christian Hoffmann mat onberechtegten Disziplinaraffären iwwerzu ginn, mam Zil, datt hien net méi Chef vum “Commissariat Porte de l’Ouest” zu Stroosse bleiwe kéint. Dat wier net acceptabel, esou den SPFP. Dee wäert de Christian Hoffmann ënnerstëtzen, genee wéi d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, heescht et weider. Sollt hie vu sengem Posten ofgezu ginn, wier dat e schwéiert Agräifen an d’Gewerkschaftsfräiheet vum ëffentlechen Déngscht.