90. Gebuertsdag

Arvo Pärt

Den zäitgenëssesche Komponist aus Estland verzaubert all Mënsch mam “Tintinnabuli”, seng eege Kompositiounstechnik voller Spiritualitéit a Rou.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Arvo Pärt | © Eric Marinitsch play_arrow
Arvo Pärt (Foto: Eric Marinitsch)

Haut, den 11. September, feiere mir den 90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt. Hien ass ee vun de bedeitendste Komponiste vun eiser Zäit. 

Den Arvo Pärt ass bekannt fir seng experimentell a gläichzäiteg markant roueg a spirituell Musek. Säi musikalescht Liewe léisst sech dobäi an zwou grouss Phasen andeelen.

An der éischter Zäit vum Komponéiere beschäftegt sech den Arvo Pärt mat avantgardistescher Musek, also fir hir Zäit ganz modern an experimentell, déi dacks och musikalesch Grenze sprengt.

An enger zweeter Phase geréit hien an eng kreativ Kris an hëlt sech fir ganzer aacht Joer eng Auszäit vum Komponéieren. Hie beschäftegt sech zu där Zäit vill mat ale Museksmethoden a fënnt den Zougang zu orthodoxe Chrëschtentum. Hien entwéckelt seng eege musekalesch Sprooch: den Tintinnabuli.

D'Cindy Reuter an de Lex Kauffmann vum opus 100,7 loossen an engem Gespréich d'Liewe vum Komponist Revue passéieren.

Eng Recherche vum Cindy Reuter
Lauschterenplay_arrow