Den Europäesche Concertsorganisateur ECHO huet elo an engem Schreiwes d'Star Artisten aus der Saison 2027/28 virgestallt. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel. De Museker gouf vun der Philharmoniker selwer, wéi och dem NOSPR Katowice an dem Konzerthaus vun Dortmund nominéiert.
Domat dierf den Arthur Stockel op de grousse Bünen an Europa Concerte spillen a Form vun enger Tournée an dat mat engem selwer zesummegestallte Programm. Donieft ginn dann och Workshoppen a Weiderbildungen ugebueden, déi der perséinlecher Karriär nei Impulser brénge sollen. Nei dobäi ass dann och d'Méiglechkeet, dass den Arthur Stockel sech eng Komponistin oder ee Komponist eraussiche kann, fir eng Kompositioun an Optrag ze ginn.