Bezuelung vun de Garden

Apdikterverband: Diskussioune mat Regierung ginn an déi richteg Richtung

De Lëtzebuerger Apdikterverband géif op oppen Ouere bei der Regierung stoussen: Dat seet de President vum Apdikterverband Alain De Bourcy op Nofro hin. Gëschter um Mëttwoch war eng Reunioun mam Finanzministère a mam Gesondheetsministère fir iwwer d'Bezuelung vun de Garden ze schwätzen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Alain de Bourcy | © Chris Zeien play_arrow
Alain de Bourcy (Foto: Chris Zeien)

Den Ament gëtt et eng Indemnitéit vun 230 Euro fir eng 24-Stonnen-Garde sonndes oder op engem Feierdag. Déi selwecht Zomm gëtt och ausbezuelt fir eng 12-Stonne-Nuetsgarde. Un deem Montant wier zënter 2019 näischt geännert ginn, seet den Alain de Bourcy.

Elo géif eng nei Propos um Dësch leien, déi zwar nach ëmmer net déi reell Käschte géif decken, déi awer e Schratt an déi richteg Richtung wier, esou den Alain de Bourcy.

Déi Propos, déi um Dësch läit, ass eng substantiell Erhéijung am Nominalwäert, mee vu datt de Nominalwäert net héich ass, ass déi Zomm bei Wäitem vun deem ewech, wat d'Funktionementskäschte sinn wa kee Passage ass. Ech kann elo net virgräifen, wéi mäi Conseil d'administration dat wäert unhuelen. Ech wäert awer dem Conseil d'administration un d'Häerz leeën, fir déi Propositioun do unzehuelen, datt mir virukommen.”

De Verwaltungsrot vum Apdikterverband soll Mëtt September eng Decisioun huelen, ob een déi Propos vun de Ministèren unhëlt oder net. E geneeë Montant ëm wéi vill d’Bezuelung soll erhéicht ginn, wollt den Alain de Bourcy net soen.  

Lauschterenplay_arrow