Hannert de Kulissen

"An engem Wuert - Genial!" - Den ONJ am Konzerthaus zu Berlin

Mat dräi Concerten an dräi Länner, enger Rees iwwer 1700 Kilometer an dem Debut um Young Euro Classic Festival am Konzerthaus Berlin, verabschit den ONJ sech an d'Summerpaus. Den Opus war mat op Tournée dobäi an hëlt Iech mat hannert d'Kulissen.

auto_stories

4 min

headphones

9 min

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) mam däitsche Pianist Joseph Moog beim Young Euro Classic Festival 2026 bei engem Concert am Konzerthaus zu Berlin. | © Max Mausen play_arrow
Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) mam däitsche Pianist Joseph Moog beim Young Euro Classic Festival 2026 bei engem Concert am Konzerthaus zu Berlin. (Foto: Max Mausen)

Hannert der Ekipp vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) leien haart, disziplinéiert an awer erfëllend Deeg, Wochen, jo souguer Méint. Vum 29. Juli bis den 03. August goung et nämlech op international Tournée mat 3 Concerten an 3 verschiddene Länner.

De Lex Kauffmann vum Opus huet den ONJ iwwer 2 Deeg laang zu Berlin begleet.

©Max Mausen

Ee Grond ze feieren

2026 feiert de Lëtzebuerger Jugendorchester säi 5. Anniversaire. Aus der Iddi eraus, de jonke Musekerinnen a Museker zu Lëtzebuerg Ablécker an d'professionellt Museksliewen ze bidden an éischt Erfarungen als groussen Orchester ze sammelen, huet sech den ONJ a senger aktueller Constellatioun 2021 nei forméiert. Mam President Pit Ewen (bis August 2026), dem Dirigent an artistesche Leeder Pit Brosius wéi och enger jonker Ekipp an der Organisatioun vun de Projeten, weist sech fënnef Joer méi spéit een Orchester mat 73 Museker:innen aus iwwer 20 verschiddene Nationalitéiten.

Déi éischt grouss international Tournée fir den ONJ

Fir de Summerprojet 2026 huet een sech net just national beweegt, mee och international op de Büne presentéiert. Den ONJ krut d'Chance zu Apeldoorn an Holland ee Concert dierfen ze spillen,wéi kuerz drop am Konzerthaus zu Berlin. Dëst ass duerch de Young Euro Classic Festival méiglech, bei deem déi bescht Jugendorchestere vun der Welt invitéiert ginn.

©Max Mausen

Eng Panoplie u Museksstiler

Fir déi musikalesch Bandbreet vum Orchester ze weisen,  goung et fir den ONJ mat engem Programm vu spéitromanteschem Charme, russeschem Exotismus, neoklassizisteschem Witz an neier Musek un de Start. Dofir huet een och de Grammy nominéierte Pianist Joseph Moog invitéiert, deen 2021 schonn eemol eng éischte Kéier mam Lëtzebuerger Jugendorchester zesummegeschafft huet.

©Max Mausen

Programm vun der Tournée

Rachmaninow's Paganini Rapsodie ist auch für's Orchester glaub ich sehr, sehr spannend. Es ist ein toller Dialog, teilweise sehr eng getaktet. Man würde vielleicht aus der Filmszene sagen "schnelle Schnitte" (...) Diese emotionale Bandbreite, die Farben; ich glaube wir werden mit viel Stolz und Freude dieses Programm in verschiedenen Ländern präsentieren.

Den Pianist Joseph Moog iwwert de Programm mam ONJ

Concerten: 

  • "Concert d'été" am Mierscher Theater zu Lëtzebuerg, den 29.07.2026
  • Concert am Kader vum "Muziekzomer Gelderland" am Theater Orpheus zu Apeldoorn an Holland, den 31.07.2026
  • Concert am Kader vum "Young Euro Classic Festival" am Konzerthaus zu Berlin an Däitschland, den 02.08.2026

Programm:

  • Hy-Khang Dang (1995): If the bell rings, why should we run? / Optragskompositioun
  • Sergei Rachmaninow (1873-1943): Rhapsodie iwwert een Thema vum Paganini, Op. 43
  • Igor Strawinsky (1882-1971): Circus Polka, K064
  • Igor Strawinsky (1882-1971): Suite aus dem Ballet "Der Feuervogel", K010d (Versioun aus dem Joer 1945)

Lauschterenplay_arrow