Santé

Affär ëm Generalist aus der Stad: Ministère wëll "néideg Demarchen ënnerhuelen"

An der Affär ëm e Generalist aus der Stad wëll de Gesondheetsministère, Zitat, "déi néideg Demarchen ënnerhuelen, wéi se vum Gesetz virgesi sinn". Den Hannergrond ass, datt d’Santé leschte Mount eréischt duerch de Collège médical iwwer eng Verurteelung vum Dr Naeseh an der Schwäiz informéiert gouf.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

reporter.lu no, war de Medezinner do zu 3 Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis, verurteelt ginn, wéinst Bedruch a Fälschung. Donieft war decidéiert ginn, datt den Dokter d’Alpeland fir 5 Joer verloosse misst.

Dono war de franséischen Dokter a sengem Heemechtsland vun der "Chambre disciplinaire nationale de l’ordre des médecins" fir annerhalleft Joer suspendéiert ginn. 

Och Suspendéierung zu Lëtzebuerg

An der Suite dovu war de Mann op Lëtzebuerg komm, wou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez den Dr Naeseh am Juni 2024 och fir 18 Méint suspendéiert hat. No där Suspensioun praktizéiert de Medezinner zënter Enn zejoert, matzen an der Stad. Viru 4 Deeg hat de Ministère dem Radio 100,7 scho matgedeelt, dem Dokter säin Dossier géif aktuell engem opmierksame Suivi an enger Analys duerch déi zoustänneg Instanzen ënnerleien.