Educatioun

APESS: Méi op oral Examensforme setze fir dem Fuddele mat KI entgéint ze wierken

Ronn 14 Deeg virun de Premièresexamen huet d'Proffegewerkschaft APESS zwee Dokumenter publizéiert. Eent wërft d'Fro op, wat den Ofschlosssexamen an Zäite vu KI nach wäert ass. Dat anert behaapt, déi sougenannte Smart School wier eng Gefor fir d'Gesondheet vu Schüler an Enseignanten.

auto_stories

3 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Et géife mëttlerweil Brëller ginn, déi ausgesi wéi normal Liesbrëller, déi Kameraen a Mikroen an eng lokal Kënschtlech Intelligenz integréiert hunn, erkläert de Gilles Everling, President vun der APESS a selwer Informatikproff.

Nei KIe sende mol kee Signal méi no baussen 

Déi Kënschtlech Intelligenze kënne genee dat gesinn, wat de Schüler gesäit an dat héieren, wat de Schüler héiert. 

"Déi kënnen dat direkt analyséieren an zum Beispill Äntwerten op Prüfungs- oder Examensfroe ginn."

Och wann ee Proff direkt niewendru steet, géif deen dat net matkréien. 

"Well do eng Rei Technologien entwéckelt gi sinn, zum Beispill, datt den Toun iwwer d'Knache vum Schädel iwwerdroe ginn. Dat heescht, och wann een direkt dernieft steet, héiert der näischt. (...) Vu baussen ass do och keng Luucht oder soss iergendee Signal ze gesinn."

Et géint ee beispillsweis och keng Mikrowellestralung moossen, well déi nei Technologien dat net hätten. 

"An dat bedeit am Endeffekt, datt mir net méi an der Lag sinn ze garantéieren, datt dat, wat mir evaluéieren, d'Resultat ass vum Schüler senger Iwwerleeung ass, oder ob dat d'Produktioun vun enger kënschtlecher Intelligenz ass."

Wéi verbreet déi Geräter sinn, kéint een net wëssen, esou den APESS-President Gilles Everling. Et wier awer net schwéier, fir se ze kafen. A China beispillsweis wier déi Problematik scho wäit verbreet. 

Vun enger schrëftlecher op eng oral Examensform 

Nach wier Zäit fir sech dorop ze preparéien, datt déi Technologië sech weider verbeede wäerten, mengt de Gilles Everling. 

"Ech mengen hei geet et am Endeffekt ëm d'Valeur vun eisem Diplom an domat ëm d'Zukunft vun eise Schüler." 

Dowéinst misst d'Evaluatioun grondsätzlech geännert ginn. Déi schrëftlech Evaluatioun misst ersat ginn duerch ee sougenannten Adversarial Oral Protocol, mengt de Gilles Everling. Dat wier iwwerdeems keen normalen Oral, wéi mer en haut scho kennen. 

"Dat heescht, de Schüler kritt eng Fro gestallt, a wann en da 15, 20 Sekonne geschwat huet, da gëtt e systematesch ënnerbrach an da gi méi déifgräifend Froen dozou gestallt." 

Domat kéint ee sécherstellen, datt dat wat de Schüler seet, och vun him selwer kennt. 

"A wann de Schüler awer amgaangen ass enger KI nozelauschteren, dann destabiliséiert dat doten, well et gëtt Etüden doriwwer, datt eist Gehier net an der Lag ass, gläichzäiteg enger KI nozelauschteren a selwer zum Beispill e Konzept un der Tafel ze molen." 

D'Proffegewerkschaft APESS kritiséiert an engem zweeten Dokument d'Strale-Belaaschtung an de Klassesäll. 

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vum President vun der APESS