Baussegeheege misste mat engem Netz iwwerdeckt sinn, fir all Kontakt mat wëlle Villercher ze verhënneren.
D‘Vullegripp ass generell an den europäesche Länner an op de Migratiouns-Route vun den Zuchvillercher erëm um Virmarsch.
D‘Liewensmëttel a Veterinärsverwaltung mellt zwee Fäll vu Vullegripp hei am Land: Um Houwald an zu Rëmeleng gouf de Virus bei Hoergänsen nogewisen. Dofir solle Gefligel vun elo un dobanne gehale ginn, esou eng vun de Recommandatioune vun der ALVA.
1 min