Beim Logement kritiséiert d’ACEL op hirer Pressekonferenz zur Rentrée académique 2026/2027 de Mangel u bezuelbare Studentewunnengen an ze laang Weeër op d’Campussen. Si fuerdert ënner anerem 1.600 Studentewunnengen bis 2030, méi Transparenz bei der Vergab a besser direkt Verbindungen op d’Universitéitscampussen.
Däitlech Kritik um Stagegsetz
D’ACEL begréisst d'AideFi-Reform, notamment wéinst dem méi niddregen Zënsplafong fir Studenteprêten, der méi héijer Mobilitéitsbourse an neie Reegelen fir Deelzäitstudent:innen. D’Studentevereenegung weist awer drop hin, datt héich Liewens- a Loyerskäschte weider eng grouss Belaaschtung bleiwen.
D'Kritik um Stagegsetz war däitlech. D’ACEL begréisst zwar de Prinzip vun enger obligatorescher Remuneratioun, hält d’Evaluatioun vum Gesetz awer fir ongenügend. Si fuerdert konkret Verbesserunge bei Sozialversécherung, Bezuelung, Informatioun an dem Schutz vu Stagiairen.
Positiv bewäert d’ACEL och d’Weiderentwécklung vun de medezineschen a pedagogesche Studienofferen souwéi déi nei Studentefoire. Beim Pensiounsdossier begréisst si, datt Jugendorganisatioune méi staark an d’Diskussioun agebonne ginn, verlaangt awer, datt d’Interesse vun de Jonken och konkret an de Reforme berücksichtegt ginn.