Klassik Live

90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

De Leopold Hager, Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, trëtt zesumme mam Orchester an der Philharmonie op. Den opus iwwerdréit de Concert live.

auto_stories

1 min

Ab 1981 war de Leopold Hager 15 Joer laang de Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deemools RTL Sinfonieorchester. Zanterhier kënnt de Salzburger dacks zeréck fir Concerten ze dirigéieren an al Erënnerungen opliewen ze loossen. Haut den Owend steet hien op der Bün an der Philharmonie, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a feiert mam ganze Public säi ronnen 90. Gebuertsdag.

Den opus iwwerdréit de Concert live ab hallwer 8, an dueno kann een e fir 7 Deeg an der opus-Mediathéik nolauschteren.

Programm:

- Richard Wagner:

Tannhäuser - Ouvertüre

Wesendonck-Lieder

- Anton Bruckner: Symphonie N° 3 3. Fassung

Interpreten:

Lëtzebuerger Philharmoniker
Leopold Hager, Direktioun
Eva Zaïcik, Mezzosoprano

Presentéiert gëtt dëse Gebuertsdagsconcert vum Marie Schockmel vum opus.