Educatioun

5 Prozent vun de Schüler:innen am Conservatoire du Nord briechen of

Deen héijen Taux vu Schüler:innen, déi wärend dem Schouljoer ofbriechen, géif de Conservatoire du Nord ronn eng hallef Millioun Euro kaschten. Do misst de Staat mat finanziellen Hëllefen asprangen, fuerdert den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Robert Michael play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Robert Michael)

D'Ziler vum Gesetz vun 2022 iwwer d’Musekscoursë wiere gréisstendeels erreecht, seet déi zoustänneg Chamberkommissioun. Zënter der Rentrée 2022/23 sinn d’Musekscoursen zu Lëtzebuerg gratis. Wéi eng CSV-Motioun et virun dräi Joer gefuerdert hat, soll d’Gesetz elo evaluéiert ginn. Dës Evaluatioun gouf um Dënschdegmoie gemaach.

Et geet ëmmer ëm Suen

“Iergendwann (...) ass een ëmmer eng Kéier bei de Suen”, sot de Jean-Paul Schaaf, och nach President vum Nord-Conservatoire, no der Sëtzung. Dat bedauert den DP-Educatiounsminister Claude Meisch.

Den Taux vu Schüler:innen, déi ofbriechen, géif an der Moyenne bei 5 Prozent (jee no Haus variéiert dat tëschent 2,5 a 10 Prozent) leien - wann een d’Remplaçantë géif ofrechnen. Mee fir déi Schüler:innen hätt awer Léierpersonal missen agestallt ginn, seet de Jean-Paul Schaf.

“Wann een en Enseignant muss astellen, da muss een och eigentlech deen Enseignant bezuelen. A wann et e Partenariat ass tëschent Staat a Gemeng, da mussen och déi béid Partner deen Enseignant bezuelen an net just ee Partner alles schëlleren!”

Et sollt net nëmmen iwwer Sue geschwat ginn, huet den DP-Minister Claude Meisch fonnt, mee och gekuckt ginn, wat gebraucht gëtt. An deem Kontext sollt zum Beispill de Solfège ugepasst ginn. De Claude Meisch fënnt, et wier einfach "fir ze soen, do soll de Staat einfach bezuelen". Fir hien hätten och d’Museksschoulen an d’Conservatoiren eng Responsabilitéit.

Weider Diskussiounen 

Et géif sech iwwerdeems a ganz ville Gremien iwwer d’Musekscoursen ënnerhale ginn, esou de Claude Meisch.

“Mir waren och zesumme mam Syvicol, fir hei déi Evaluatioun ze diskutéieren: Do hunn ech net gespuert, datt do nach e gréisseren Diskussiounsbedarf wier!”

Dem Ministère seng Diere stéingen awer weiderhin op fir Diskussiounen, huet de Claude Meisch nach betount.

Muss dat ganzt Léierpersonal Lëtzebuergesch kënne schwätzen?

En aneren Diskussiounspunkt an der Chamberkommissioun waren d’Sproochen, déi d’Léierpersonal an de Museksschoulen a Conservatoirë musse schwätze kënnen. Fir den adr-Deputéierte Fred Keup sollt d’Léierpersonal déi dräi gängeg Sprooche vum Land kënnen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann widdersprécht deem awer. Et géif schonn eng gréisser Penurie u Léierpersonal ginn, dowéinst wier et wichteg och Remplaçantë kënnen anzestellen, déi net onbedéngt déi dräi Sprooche schwätze kënnen, esou d’Carole Hartmann. 

An den Ae vum Claude Meisch wier et sécher besser, datt dat ganzt Léierpersonal Lëtzebuergesch kéint schwätzen, mee et géifen awer Coursen ewechfalen, wann een all déi aner géif ausschléissen.

Lauschterenplay_arrow