Migratioun

38 Mënsche kruten am Mäerz de Statut vum Refugié, 49 Mol gouf d'Demande refuséiert

Am Mäerz goufen zu Lëtzebuerg 106 Demandë fir eng international Protektioun eragereecht – déi meescht dovunner, nämlech 14, koume vu Leit aus dem Sudan. Déi Chifferen huet den Inneministère publizéiert.

auto_stories

1 min

© dpa | Boris Roessler
(Foto: dpa | Boris Roessler)

Fir 2026 goufe bis elo am Ganzen 318 Demandë gemaach. Déi meescht, 38, koumen aus Syrien, 27 aus dem Eritrea a 25 aus dem Sudan. 38 Mol gouf de Statut als Refugié accordéiert. 49 Mol am Total vun der normaler an der acceleréierter Prozedur, goufen am Mäerz refuséiert.

Am Mäerz goufen et och dräi forcéiert Retouren an aacht sougenannt fräiwëlleg Retouren. 72 Leit hunn nach eng Demande fir eng temporär Protektioun gemaach, 70 dovunner koumen aus der Ukrain. 63 vun dësen Demandë goufen accordéiert.

Fir dëst Joer koume bis elo 218 Demandë fir déi temporär Protektioun, a ganz grousser Majoritéit sinn déi aus der Ukrain.