Zesumme mam Klenge Maarnicher Festival, sicht Lëtzebuerg dës Joer nom beschten Nowuesstalent op der Klarinett.
Matmaache konnt jiddwer Klarinettist:in, deen/déi no 1990 gebuer ass. Ugemellt hunn sech 80 Klarinettist:innen aus der ganzer Welt tëscht Ufank Oktober a Mëtt November 2024 per Video. 37 vun hinne goufen da fir een éischten Tour ausgewielt.
Aus deene 37 Persounen, goufen en Dënschden a Mëttwoch (08. & 09. Abrëll) 15 Halleffinalist:innen erausgesicht, déi sech um Donneschde fir d'Finall qualifizéiere kënnen. An der Finall stinn da just nach 3 Talenter op der Bün.
Kuerz virun 3 Auer ass am Centre écologique am Parc zu Housen bekannt gemaach ginn wien déi 3 Finaliste sinn, a mir ware bei der Bekanntgebung mat dobäi:
Do hu mir och déi lischt Rekatioune vun deenen 3 Finalisten agefaangen:
D'Finalisten:
1) Quentin Chartier, 24 Joer
Hien studéiert aktuell am 5. Semester Klarinett un der Musekshéichschoul zu Genf. Kammermusek spillen ass eng vu senge gréisste Passiounen. Hien trëtt reegelméisseg mat villen Ensembelen a Stied wéi Paräis, Biviers, Tarascon, Genf a Lissabon op.
2) Sang-Jin Park, 28 Joer
De jonke südkoreanesche Klarinettist studéiert a lieft aktuell zu Lyon. Hien huet schonn a ville groussen Orchestere gespillt, wéi dem Seoul Philharmonic Orchestra an dem Orchestre Philharmonique de Radio France. Bis elo huet hien och Präisser gewonne bei internationale Concoursen an Italien an a Japan.
3) Nuno Baptista, 25 Joer
2023 huet hie säi Studium un der “Haute École de Musique de Genève” ofgeschloss mat engem Master. Am Summer 2024 war hien an der “Académie d’été “ mam Orchestre de Paris. Elo aktuell ass hien Student un der Haute école de Musique de Lausanne.
Et gëtt och nach ee Prix du Jury. Dee geet un d'Sofia Mekhonoshina. Déi russesch Klarinettistin huet 21 Joer, an huet um Conservatoire zu Moskau studéiert, an ass aktuell un der Guildhall School of Music and Drama zu London. Genee wéi de Quentin Chartier ass och si ee grousse Fan vun der Kammermusek, an trëtt reegelméisseg mat verschiddenen Ensembelen op.
Dëse Freideg den Owend trieden déi 3 Finalisten an der grousser Finall am Cube521 zu Maarnech un.
Sidd mat dobäi!
De radio an opus 100,7 iwwerdroen d'Finall vum Concours live e Freideg, den 11. Abrëll 2025 Owes ab 7 Auer!