Den David Schallon war een Dirigent, deen sech och hei am Land ee grousse Numm wärend senger Karriär maache konnt.
De Museker aus Tel Aviv, deen als Jong well duerch d'Gei an de Cor éischt musikalesch Erfarunge sammelt, entwéckelt sech séier zu engem aflossräichen Dirigent an der internationaler Zeen. Bestuet war den Dirigent David Schallon 13 Joer laang mat der bekannter däitscher Braatschistin Tabea Zimmermann
Op Aluedung vum Leonard Bernstein gëtt den David Schallon Assistent-Dirigent an dirigéiert kuerz drop Orchestere wéi d'Wiener Philharmoniker, ma och de London Symphony Orchestra oder d'Berliner Philharmoniker. 1993 iwwerhëlt hien d'Tâche als Museksdirekter vun den D!sseldorfer Symphoniker an dem Jerusalem Symphony Orchestra. 1997 zitt et hie schlussendlech op Lëtzebuerg bei d'Philharmoniker.
Viru genee 25 Joer awer mécht den Dirigent wärend enger Concertournée a Japan ee Malaise, duerch deen hien och onerwaart am Alter vun nëmmen 49 Joer opgrond vun enger Asthma-Attack am Joer 2000 zu Tokyo stierft.
100,7 Interview mam David Schallon
Am Mäerz 1997 hat den 100,7 d'Méiglechkeet, den David Schallon am Interview ze hunn als neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Hei kënnt dir d'Annonce vum Doud bei eis op Antenn presentéiert vum Marco Battistella Senior nolauschteren, wéi och den Interview mam Dirigent David Schallon.