Avoir vingt ans

20 Joer Philharmonie op Foto

Mat enger Ausstellung aus 40 ausgewielte Fotoen, feiert d'Philharmonie 20 Joer a kuckt zeréck op vill musikalesch Momenter.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

Fotoausstellung 20 Joer Philharmonie | © Lex Kauffmann play_arrow
Fotoausstellung 20 Joer Philharmonie (Foto: Lex Kauffmann)

Mat hiren 823 Saile ronderëm, gehéiert d’Philharmonie zënter mëttlerweil 20 Joer zu engem vun den ikoneschste Gebaier um Kierchbierg. D’Concertshaus, an deem reegelméisseg ganz grouss national an international Kënschtler optrieden, feiert hiert 20 järegt Bestoen aktuell mat enger Ausstellung vu Fotoen.

Ee Rondgang mat 40 Fotoen

D'Ausstellung mat Fotoen ass als Rondgang eemol komplett ronderëm de Foyer vum Gebai, ma och eemol ronderëm d'Geschicht vun der Philharmonie ausgeluecht.

4 Fotografen a Fotografinne suerge wärend der Saison vun der Philharmonie dofir, dass all Concert, all Event festgehale gëtt. Dat sinn den Eric Engel, Sébastien Grébille, d'Inês Rebelo de Andrade an den Alfonso Salgueiro.

Mëttlerweil sinn esou eng 108.000 Fotoen entstanen, aus deenen ee lo am Kader vum 20. Anniversaire déi 40 monumentaalst ausgestallt goufen.

Déi 40 Fotoe vun der Ausstellung fannt dir hei fir online unzekucken.

Méi wéi "just" Fotoen

Plakater an der Billeterie vun der Philharmonie / Foto: Lex Kauffmann 

Ze fanne sinn nieft de Fotoen, Plakater aus deene leschten 20 Joer. Dës gi virun allem een Abléck doran, wéi eng Weeër d'Kommunikatioun vun Eventer a Concerten, visuell gaangen ass. Andréck un de Bau an d'Constructioun vun der Philharmonie kritt een duerch eng "Time-Lapse" Projektioun.

Oder et liest een sech duerch eng Selektioun u Gaaschtbiicher, an déi alleguer d'Artisten aus de leschten zwanzeg Joer dran ënnerschriwwen oder léif Messagen hannerlooss hunn.

Lauschterenplay_arrow