Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Geiger a Monaco

KLASSIK AKTUELL

Geiger a Monaco

Dës zwee Wieder sti fir zwee grouss Lëtzebuerger Komponisten: Lou Koster a Jean-Pierre Kemmer. De Sidney Scho bréngt hir populärste Wierker mam 'Cercle Symphonique de Rumelange' a mam Chouer vun der Uni.lu op d'Bün.

auto_stories

1 min

Juni 2024 | © ©radio 100,7 (Morgane Weidig)
Sidney Scho, Dirigent vum Orchester 'Cercle Symphonie de Rumelange'

De 'Cercle Symphonique de Rumelange' huet dëse Weekend direkt zwee Optrëtter zesumme mam Chouer vun der Uni.lu. Um Programm stinn dëse Freideg (28.06.) 'Der Geiger von Echternach' vun der Lou Koster an dëse Sonndeg (30.06.) 'Ënner bloem Himmel' vum Jean-Pierre Kemmer.

Geleet ginn déi ronn 100 Leit op der Bün vum jonken Dirigent Sidney Scho. Den 21-järege Museker schléisst domat seng éischt Saison als Dirigent vum Cercle Symphonie vu Remeléng of. De Christophe Mirkes huet sech mam Sidney Scho iwwert säin drëtten a bis ewell gréisste Projet mam Orchester ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow

Méi Detailer zu béide Concerten ginn et hei.