Haut, 3.11., op den Dag genee, virun 125 Joer, koum den Henri Pensis op d’Welt. Vläicht ass deem engen oder aneren deen Numm nach e Begrëff. Wa jo, zimmlech warscheinlech duerch de Quatuor Henri Pensis. De Sträichquartett besteet aus 4 Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, an den Ursprong vun deene Lëtzebuerger Philharmoniker war den Henri Pensis. Hie war ee vun de Grënner an den éischten Dirigent vum Orchester. Domat ass hien eng Schlësselfigur an der Lëtzebuerger Musekswelt.
De Jeremy Ney erënnert un dem Henri Pensis seng gréissten Erfolleger an un dat, wat hien eis iwwer säin Doud eraus hannerlooss huet.
Ee Gebuertsdags Hommage
125. Gebuertsdag vum Henry Pensis
De Grënner an Dirigent vun den haitege Lëtzebuerger Philharmoniker koum den 3.11.1900 op d'Welt.
auto_stories
1 min
headphones4 min
Henri Pensis (Foto: Foto Quell: www.luxembourgmusicpublishers.lu)