100 Joer Mikis Theodorakis
Den 29. Juli wier de Mikis Theodorakis 100 Joer al ginn. De weltberüümte griichesche Komponist ass awer 2021 zu Athen verstuerwen. Hien huet déi griichesch Musekszeen am 20. Joerhonnert immens gepräägt. Ronn Dausend Kompositiounen droen säin Numm: Sinfonien, Balleten, Operen an och vill Filmmusek. Mat senge Melodie fir déi grouss Leinwand ass hien och international bekannt ginn an huet Grammy Nominatioune kritt.
De Mikis Theodorakis war awer net nëmme Komponist, mee och nach Schrëftsteller a Politiker. Hien hat sech fir d'Fräiheet an d'Mënscherechter agesat a war och souguer am Prisong. Selwer sot hien, hien hätt ëmmer mat zwee Kläng gelieft - engem politeschen an engem musikaleschen. D'Konscht war fir hien och dat eenzegt Mëttel, wouduerch de Mënsch Mënsch gëtt.
Panflütt an impressionistesch Téin
"Rita Strohl" ass den Titel vun engem Album deen den Orchestre national d'île-de-France als Hommage un déi franséisch Komponistin opgeholl huet. Dorop ze entdecken ass franséisch impressionistesch Musek. Et ass eng Zort Erweiderung zum franséische Repertoire, dee vum Saint-Saëns, Ravel an Debussy dominéiert gëtt. Wäermt bestëmmt de Klang op dëser Produktioun. Dat gëllt fir den Orchestre national d'île-de-France, fir d'Soli innerhalb vum Orchester a fir d'Sängerinne Marie Perbost a Lucile Richardot. eng Komponistin déi laang Zäit vergiess gouf, an ënnert anerem dank dësem Orchester erëm nei entdeckt ginn ass. De Christophe Mirkes verréit méi.
Bis zu 10 % Taux d'abandon
Zanter der Rentrée 2022-23 sinn d’Musekscoursen a Conservatoiren a Musekschoulen hei am Land bis zu engem bestëmmten Niveau gratis. Zanterhier briechen tëscht 2,5 an 10 % vun de Schüler de Cours am lafende Schouljoer of. Vun all de Coursen déi een huele kann, sinn et d’Gruppecoursen, virun allem de Solfège, bei deenen den Taux d'abandon héich ass. Op der Säit vum Finanzement gett et och en Ënnerscheed ob e Schüler aus engem Gruppecours oder an engem individuelle Cours am Instrument matten am Joer ophält. Iwwerraschenderweis ginn d'Coursen déi kaschten am meeschte matten am Joer ofgebrach. Op den éischten Abléck klengt dat net ganz logesch, mee et gëtt awer plausibel Erkärungen dofir. Et si nämlech zemools déi déi verschidde Course gläichzäiteg maachen, déi wärend dem Schouljoer eppes ofbriechen.