Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach (arr. Ottorino Respighi) - Dräi Chorale, (BWV 645), P 167, III. Andante - Orchestre Philharmonique Royal de Liège, John Neschling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ 10 Méint Prisong mat Sursis a 45.000 Euro Geldstrof fir Gérard Lopes

Lëtzebuerger Geschäftsmann

10 Méint Prisong mat Sursis a 45.000 Euro Geldstrof fir Gérard Lopes

Dozou gouf de Gérard Lopez haut op engem Geriicht zu Lille a Frankräich verurteelt. De Lëtzebuerger Geschäftsmann krut dës Strof ënner anerem, well hie Kompliz gewiescht wär beim illegalen Ausübe vum Beruff vum Sportagent.

auto_stories

1 min

Gerard Lopez | © picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel
Gerard Lopez (Foto: picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel)

Hien hat 2017/2018 fir de Club vu Lille e Mann agestallt, dee keng valabel Lizenz als Sportagent hat. De fréiere President vun der Escher Fola a vu Lille an aktuelle President vu Bordeaux hat seng Schold am Viraus zouginn. De Gérard Lopez huet annerhallef Woch Zäit, fir Appel ze maache géint dës Strof.