Klassik Aktuell
Musek aus der Schwäiz
8 min
De Rudolf Moser war Schüler vum Max Reger a Professer vum Yehudi Menuhin. Trotzdeem héiert ee vun him hautdesdaags bal guer näischt méi. De Schwäizer Dirigent Philippe Bach an de Sinfonietta Riga hunn dem Rudolf Moser senger Orchesterliteratur nees neit Liewen agespillt. Et ass Musek, déi sech auszeechent duerch e grousse Mix vu spéitromantesche Kläng, dem Geescht vum 20. Joerhonnert an engem Touch vun Neoklassizismus.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes