D’Avril Coleridge-Taylor, Duechter vum Komponist Samuel Coleridge-Taylor, war eng berüümt Dirigentin an déi éischt Fra, déi d’Band vun de Royal Marines an England dirigéiert huet. Hir Musek gëtt och ëmmer erëm entdeckt. Ënner anerem dank dem brittesche Chineke! Orchestra, deen éischte professionellen Orchester an Europa mat schwaarzen an eethnesch diverse Musekerinnen a Museker. Fir géint Diskriminéierung ze wierken huet d’Avril Coleridge-Taylor den Zeremoniemarsch fir d’Feierlechkeete vun der Onofhängegkeet vum westafrikanesche Land Ghana komponéiert.
Avril Coleridge-Taylor
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Maria Guterrez