Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Johann Sebastian Bach (arr. Camille Saint-Saëns) - Partita Nr.1 fir Solo Gei, BWV 1002, Bourrée - Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Däitschland: Grouss Sich no engem 6 Joer ale Bouf

Mat Dronen an engem Helikopter

Däitschland: Grouss Sich no engem 6 Joer ale Bouf

An Niedersachse geet d‘Sich no engem autistesche Bouf vu 6 Joer virun. Den Arian gëtt zanter e Méindeg den Owend vermësst. Hie war gëschter vun enger privater Iwwerwaachungskamera an engem Wunnquartier gefilmt ginn. D‘Sichekippe mengen, hie kéint sech elo an engem Bësch net wäit vun do ophalen.

auto_stories

1 min

Sichaktioun Däitsch Police | © picture alliance/dpa | Markus Hibbeler
Foto: picture alliance/dpa | Markus Hibbeler

Bei der Sichaktioun goufe grouss Moyenen agesat. Dorënner Dronen, een Helikopter an een Tornado-Fliger.

Déi lescht Nuecht goufen och Freedefeierrakéiten ofgeschoss, an et goufe Séissegkeeten u Beem gehaangen, an der Hoffnung, de Bouf géif dorop reagéieren a sech weisen.