Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonin Dvorák - Sonatine in G Major, Op. 100: III. Molto vivace - Duo Natalia

play_arrow Live
opus

/ Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas kéinte viru goen

Noen Osten

Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas kéinte viru goen

Israel an d‘Hamas sollen dëse Weekend erëm zu Kairo d‘Verhandlungen iwwert d‘Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen an iwwer eng Wafferou viru féieren. Déi palästinensesch Hamas seet, si géifen dohinner goen, fir een Accord ze fannen. Si accuséiere gläichzäiteg den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. Dee wéilt esou een Accord verhënneren, ass de Virworf.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

De Wall Street Journal mellt, datt Israel der Hams eng Woch Zäit ginn huet, fir engem Accord zouzestëmmen. Geschitt dat net, da wëllt Israel déi annoncéiert a vill kritiséiert Offensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif maachen, an där 1 Millioun Leit liewen. Vill sinn der aus dem Norde virun der israeelescher Arméi dohi geflücht.

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet Israel op en Neits virun enger Offensiv op Rafah gewarnt. Déi géif Schied provozéieren, déi wäit iwwer dat ginn, wat akzeptabel ass, esou de Blinken.

Och d‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet virun esou enger Militäroperatioun gewarnt. Et wier mat engem Massaker ze rechnen, esou d‘WHO.