Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  George Enescu - Rumänesche Caprice fir Gei an Orchester, III. Lento - David Grimal (Gei/Dir.), Les Dissonances

play_arrow Live
opus

/ authentique

Klassik-Album vun der Woch

authentique

Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré. Dat besonnescht: de François Dumont spillt op engem historeschen Érard-Fligel aus dem Joer 1891. D'Marie Schockmel huet mam Luc Boentges iwwer dësen Album geschwat.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Luc, du kënns haut mat engem Star, dee selwer och e Fan war?

Jo, well och een dee selwer vill Fans huet, ka sech fir eppes Begeeschteren: an zwar geet et ëm de Gabriel Fauré a seng Virléift fir Fligelen aus dem Haus Érard. Hien hat net nëmmen ee bei sech doheem zu Paräis stoen, mä hien huet sech dës Instrumenter och dohinner transportéiere gelooss, wou hien an d'Vakanz gaangen ass.

An dëse Piano, genee esou, wéi de Gabriel Fauré stinn am Mëttelpunkt vum Klassik-Album vun der Woch?

Jo, et ass en Album mam Titel “authentique”. Authentesch bezitt sech op där enger Säit op d’Interpretatioun vum Fauré senge Stécker, awer och op de Piano. Opgeholl gouf dësen Disk nämlech op engem historeschen Instrument aus dem 1891 – en Érard-Fligel aus der Sammlung vum Instrumentemusée vun der Cité de la Musique an der Philharmonie de Paris.

De Piano steet awer net am Mëttelpunkt vum Disk...

Nee, eigentlech net – nenne mer vläicht emol d’Interpreten: Dat sinn eng Kéier de Pianist François Dumont an eng Kéier den Cellist Marc Coppey. Ze héieren op dësem Disk mam Titel “authentique” si sämtlech Wierker vum Fauré fir Cello a Piano – an dorënner och déi bekannt Élégie.

D’Élégie steet an der Mëtt vum Album – ass et dann och den Highlight vum Disk?

Ganz kloer: Nee. Virop emol, well ech mer net wierklech sécher sinn, datt et iwwerhaapt en eenzelnen Highlight gëtt. De Gabriel Fauré huet esou vill fhantastesch Musek fir Cello a Piano komponéiert, datt et schwéier ass e Favorit eraus ze zéien. Niewent der Élégie ass zum Beispill och déi bekannt Sicilienne op dësem Album. Mä och dëst Stéck ass fir mech trotz senger Bekanntheet keen Highlight, well et sech an engem Goss an e wierklech gelongenen Disk afüügt. Dann awer och, well ee feststellt, datt dës Melodien zwar wonnerschéi sinn, et awer eng gréisser Distanz tëschent dem Cello an dem Piano gëtt. Deen ee spillt d’Haaptroll, deen anere begleet. Komplett anescht ass dat bei den zwou Sonaten – hei sinn déi zwee gläichberechtegt Partner an d’Zesummespill vum Marc Coppey an dem François Dumont kritt nach emol eng nei Déift.

Komme mer nach emol zeréck bei de Piano: Et ass jo en historesche Fligel – wéi fënns du de Choix dovun?

Wéi esou dacks, brauch ech e bëssen Zäit fir mech un de Klang ze gewinnen. Am Ufank héiere sech fir mech esou Fligelen oft méi dompesch un, se grummelen an de Bäss a se hunn net déi Klanggewalt, wéi een et vun de Fligele vun haut kennt. Den Androck "Dompesch-grummeleg" bleift och beim längere Lauschtere bestoen, mä e gëtt méi detailléiert. A virun allem weess de François Dumont mat dësem Instrument ëmzegoen. Hie passt d’Klangbalance permanent un de Charakter vum Stéck un, betount mol de flächessch-déiwe Klang, mol de méi metallesch héijen. Dat mécht hien a Symbios mam immens natierleche Spill vum Marc Coppey, deen op dësem Disk ëmmer erëm beweist, datt hien net nëmme wäit iwwer den technesche Schwieregkeete steet, mä och einfach e Meeschter vun der schéiner Melodie ass.

 

Lauschterenplay_arrow