Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Joaquin Rodrigo - Concierto De Aranjuez, III. Allegro Gentile - Junhong Kuang (Gittar), Czech Chamber Philharmonic Orchestra Pardubice, Darrell Ang (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Selenskyj setzt op den Donald Trump

Viraussetzung fir Gespréicher mat Russland

Selenskyj setzt op den Donald Trump

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot, hie wéilt den zukünftegen US-President Donald Trump begéinen, fir sech mat him iwwer e Friddensplang eens ze ginn. Eréischt duerno kéinte Verhandlunge mat Russland ufänken.

auto_stories

1 min

© European Council
Foto: European Council

Dat sot de Wolodymyr Selenskyj an engem dräi Stonne laangen Interview mam US-Podcaster Lex Fridman. D'USA kéinten als eenzeg der Ukrain déi néideg Sécherheetsgarantië liwweren, an hie wier zouversiichtlech, datt hie mam Donald Trump en Accord ka fannen, esou den ukrainesche President.