Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Jacques Offenbach - Barcarolle, aus 'Les Contes d'Hoffmann' (Oper) - Philharmonia Orchestra, Herbert von Karajan (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Bei Metz: Mataarbechterin gouf op Peage déidlech ugestouss - Chauffeur ass geflücht

Autobunn A4 Metz-Saarbrécken

Bei Metz: Mataarbechterin gouf op Peage déidlech ugestouss - Chauffeur ass geflücht

Eng Mataarbechterin um Peage Saint-Avold ass op der franséischer A4 tëscht Metz a Saarbrécken ugestouss an déidlech blesséiert ginn. Dat mellt déi franséisch Presseagence mat Verweis op Sanef, de Bedreiwer vum Peage.

auto_stories

1 min

Peage owes | © picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT
Foto: picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT

Déi 59 Joer al Fra wier grad amgaange gewiescht engem Client ze hëllefen, wéi een Auto si mat héijer Vitess ze pake kritt hätt, esou Sanef. De Chauffer ass geflücht. Et gouf eng Enquête wéinst homicide involontaire opgemaach.