Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johann Bernhard Bach - Suite fir Orchester Nr.4 a Ré Majeur, VIII. Caprice III - Gernot Süssmuth (Gei/Dir.), Thüringer Bach Collegium

play_arrow Live
opus

/ Israeelesch Attack op den Iran: Zwou Persoune kommen ëm d‘Liewen

Noen Osten

Israeelesch Attack op den Iran: Zwou Persoune kommen ëm d‘Liewen

Déi israeelesch Arméi huet hënt den Iran attackéiert. Staatsmedie mellen Explosiounen ënnert anerem an der iranescher Haaptstad Teheran. Iraneschen Aussoen no sollen dobäi 2 Persounen ëm d‘Liewe komm sinn.

auto_stories

1 min

Atomanlage solle bei den Attacken net getraff gi sinn.

D‘US-Regierung huet den Iran virun enger weiderer Eskalatioun gewarnt. Ee ranghéije Regierungsbeamten huet drop verwisen, datt Israel der Propos vun den USA gefollegt hätt, fir d‘Attack op militäresch Ziler ze limitéieren an zivil Affer z‘evitéieren.

Schonn zanter Deeg gouf am Iran mat enger israeelescher Géigenattack gerechent. Ugangs dës Mounts haten déi iranesch Autoritéiten 200 ballistesch Rakéiten op Israel geschoss.