Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Pietro Nardini - Concerto fir Gei a La Majeur, II. Andante - Orchestra da Camera Milano Classica, Mauro Rossi (Gei/Dir).

play_arrow Live
opus

/ Finalisten am Portrait

Prix Anne & Françoise Groben 2024

Finalisten am Portrait

De 14. November triede fënnef Finalistinnen a Finalisten am Grand Auditoire vun der Philharmonie géinteneen un. Si gi begleet vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ënner der Direktioun vum Roland Kluttig. Dës Final gëtt live um opus 100,7 vun 19h30 un iwwerdroen.

auto_stories

3 min

De Prix Anne & Françoise Groben ass ee Concours fir jonk Musekerinnen a Museker tëschent 15 an 30 Joer, deen 2017 an d'Liewe geruff gouf an dëst Joer a seng zweet Editioun geet. Melle konnt sech jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg Musekscoursë kritt oder dës schonn ofgeschloss huet. E soll eng Zort Sprangbriet si fir Nowuesstalenter an hinnen erméiglechen, Fouss an enger professioneller Musekskarriär kënnen ze faassen. D'Halleffinall war den 29. an 30. Abrëll am Stater Conservatoire. De 14. November entscheet ee Jury iwwer d'Gewënnerin oder de Gewënner vum Concours.

Portrait - Christophe Pütz

De Christophe Pütz ass 20 Joer jonk a Perkussionist. Seng Passioun fir dëst Instrument huet mat 6 Joer ugefaangen. Aktuell ass hie Museksstudent fir Perkussioun zu Amsterdam.

Lauschtert hei den Interview mam jonke Museker am Gespréich mam Marie Trussart.

Lauschterenplay_arrow

An der Finall spillt hien dem Joey Roukens säi Concerto fir Perkussioun.

Portrait - Matis Grisó

De Matis Grisó ass 18 Joer jonk an Cellist. Seng Passioun fir dëst Instrument huet mat 4 Joer ugefaangen. Aktuell ass hie Museksstudent fir Cello a Bassgittar zu Bréissel.

Lauschtert hei den Interview mam jonke Museker am Gespréich mam Lex Kauffmann.

Lauschterenplay_arrow

An der Finall spillt hien dem Camille Saint-Saëns säi Concerto fir Cello Nr. 1.

Portrait - Isabelle Kruithof

D'Isabelle Kruithof ass 22 Joer jonk a Geiistin. Hir Passioun fir dëst Instrument huet mat 4 Joer ugefaangen. Aktuell ass si Museksstudentin fir Gei zu München.

Lauschtert hei den Interview mat der jonker Musekerin am Gespréich mam Christophe Mirkes.

Lauschterenplay_arrow

An der Finall spillt si den 1. an 3. Saz aus dem Felix Mendelssohn sengem Concerto fir Gei Nr. 2 a Mi Mineur.

Portrait - Colin Toniello

De Colin Toniello ass 19 Joer jonk a Pianist. Seng Passioun fir dëst Instrument huet mat 4 Joer ugefaangen. Aktuell ass hie Museksstudent fir Piano zu Genf.

Lauschtert hei den Interview mam jonke Museker am Gespréich mam Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow

An der Finall spillt hien dem Felix Mendelssohn säi Concerto fir Piano Nr. 1.

Portrait - Yanis Grisó 

De Yanis Grisó ass 21 Joer jonk a Geiist. Seng Passioun fir dëst Instrument huet mat 4 Joer ugefaangen. Aktuell ass hie Museksstudent fir Gei zu Maastricht an ass gläichzäiteg och zanter 2023 Member bei de Solistes Européens, Luxembourg. Lauschtert hei den Interview mam jonke Museker am Gespréich mam Lex Kauffmann.

Lauschterenplay_arrow

An der Finall spillt hien den 3. Saz aus dem Felix Mendelssohn sengem Concerto fir Gei Nr. 2 a Mi Mineur an Introduction et Rondo Capriccioso vum Camille Saint-Saëns.