Radioen

On air

De barocke Moien  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, II. Scherzo. Sehr mässig - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Éischten Haftbefeel wéinst den Attacken op d'Nord-Stream-Gasleitung

Däitsche PArquet

Éischten Haftbefeel wéinst den Attacken op d'Nord-Stream-Gasleitung

Bal zwee Joer no de Sprengstoffattacken op d‘Nord-Stream-Gasleitungen an der Ostsee huet den däitsche Parquet en éischten Haftbefeel géint ee Verdächtegen erausginn. Et géif sech dobäi ëm en Ukrainer handelen, deen a Pole verschwonne wier, sou d‘ARD, d‘Süddeutsche Zeitung an Die Zeit.

auto_stories

1 min

De Gesichte géif verdächtegt ginn, zesumme mat zwee aneren Ukrainer, bei d'Pipline getaucht ze sinn an do Sprengstoff befestegt ze hunn, esou eng Spriecherin vum Parquet. 

Duerch d‘Explosiounen am September 2022 ware véier Fuitten an dräi vun den am Ganze véier Nordstream-Pipelinen entstanen. 

Duerch d‘Nord-Stream-1-Leitung war virdru russesche Gas an Däitschland gefloss. Nord Stream 2 war wéinst dem russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain ni a Betrib geholl ginn.