Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Arash Safaian - Concerto Nr.4 "Newton's Law", I. Choral Prelude - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
opus

/ Stommfilmer an e Piano dee schwätzt?

Klassik Aktuell

Stommfilmer an e Piano dee schwätzt?

Kann e Piano Witzer erzielen? Ënner anerem dat, probéiert d'Marie Trussart am Gespréich mam Jean-François Zygel erauszefannen.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

Jean-François Zygel, Pianist | © Denis Rouvre play_arrow
Jean-François Zygel © Denis Rouvre

Dëse Sonnden de 26. Januar organiséiert d'Philharmonie e Ciné-Concert- Ënner dem Motto "L'humour en noir et blanc" gi schwaarz-wäiss Filmer projezéiert. De Jean-François Zygel, deen de Stommfilm live begleet, ass Pianist, Komponist an ee sougenannten "Vulgarisateur" vu klassescher Musek. Hie wëll dës also populär maachen. D'Marie Trussart huet ënnert anerem mat him iwwert seng laangjäreg Léift fir Stommfilmer geschwat an och doriwwer, wéi een Humor musekalesch ausdréckt.

Mat Hëllef vu Piano erzielt de Jean-François Zygel déi eng oder aner Witzer a weist, datt een déi och ouni Wierder erziele kann. Et ass iwwerdeems net déi éischte Kéier, dass de Fransous an der Philharmonie spillt. Et kéint ee scho bal soen, dass hien ee Stammgaascht ass...

Lauschterenplay_arrow