Radioen

On air

De barocke Moien  |  

play_arrow Live
opus

/ Déi nächst Indextranche kënnt réischt 2025

Statec

Déi nächst Indextranche kënnt réischt 2025

Et kënnt dëst Joer keng Indextranche méi. Wéi de Statec matdeelt ass déi nächst Indextranche fréistens fir dat éischt Trimester d‘nächst Joer fälleg.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Jee no Zenario a wéi d‘Inflatioun sech entwéckelt, kéim se och réischt am 2. Trimester. 

Den Inflatiounstaux ass am Oktober rëm gefall. Dat op 1 Prozent. Dat ass den niddregsten Taux zënter ufanks 2021. Déi Baisse wier virun allem bedéngt duerch d‘Pëtrolspräisser, déi op e Joer gekuckt, ëm bal 14 Prozent gefall sinn, esou de Statec. D‘Inflatioun wier och méi séier gefall, wéi erwaart.

Fir dëst Joer seet de Statec eng Präisdeierecht vun 2,1 Prozent viraus a fir d‘nächst Joer vun 2,5 Prozent.