Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  

play_arrow Live
opus

/ Amours interdites

Klassik Album vun der Woch

Amours interdites

Den neien Album vum franséische Pianist David Kadouch mat Musek vu 7 verschiddene Komponisten

auto_stories

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Verbuede Léift

“Amours interdites” – dat ass den Titel vum Album, an dee kënnt net einfach esou. All 7 Komponist.innen vun deene Musek ze héieren ass, konnten hir Sexualitéit net oppen auszeliewen. De Pianist vum Album selwer ass homosexuell, an hie seet datt dësen Album eng “Feier vun der Léift a vum Zesummekommen” ass. Weider seet den David Kadouch datt dësen Album iwwert verbuede Léift ass, mee datt se hautdesdaags net méi verbueden ass: “La musique qu’ils ont composée est un véritable refuge où les notes s’affranchissent des mots et révèlent l’essence de leurs sentiments.”

Vu “La Mer” bis “En Avril à Paris”

Den David Kadouch ass zu Nice op d’Welt komm, mee zanter senge Studie lieft hien zu Paräis. Op dësem Album ass och vill Musek drop, déi mat der franséischer Haaptstad verbonnen ass. Ufänke mécht den Album mat Musek an Hommage un d’Edith Piaf – eng vun de berüümtste franséische Sängerinnen, déi zu Paräis gebuer ass. Dat Wierk mam Titel ass eng Kompositioun vum Francis Poulenc. Een anere franséischen Highlight um Album ass “En Avril à Paris” vum Charles Trenet. Am Fall datt deen Numm engem näischt seet, de Charles Trenet ass de Sänger vum faméisen Hit “La Mer”. Hien huet a sengem Liewen iwwer 1000 Lidder geschriwwen, a seng Karriär huet méi wéi 60 Joer laang gedauert.

Polen, Russland, Venezuela, England

Den David Kadouch spillt awer net nëmme Musek aus Frankräich op sengem neien Album. Och Länner wéi Russland, Venezuela, England a Polen si vertrueden. Egal ob et de Nussknacker vum Tchaikowsky oder “Nuit d’automne” vun der Wanda Landowska ass, de Pianist bréngt all eenzegen Toun mat richteg vill Emotioun eriwwer. Hie bitt hei ee ganz eenzegaartegen Album voller spannender Musek an och Geschichten – kuerz gesot: den David Kadouch rappt ee mat vun der éischter Nout bis bei déi allerlescht.

Lauschterenplay_arrow