Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  William Boyce - Sinfonie Nr. 4 a Fa Majeur, I. Allegro - The English Concert, Trevor Pinnock (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Don’t fear it, feel it!

Klassik Aktuell

Don’t fear it, feel it!

Dëse Weekend organiséiert United Instruments of Lucilin de Festival 33,7 an der KuFa. Domat wëllen si dem Public déi Nei Musek méi no bréngen a méiglech Beréierungsängscht opléisen.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

play_arrow

Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D’Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm (zoustänneg fir d’Kommunikatioun) an der Anne-Catherine Feltgen (Office & Projekt Manager) iwwer d’Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Editioun geléiert hunn a wéi eng Challenges op een duerkënnt, wann een dem Public Nei Musek wëll méi no bréngen. An si verroden natierlech och wat dee Numm 33,7 eigentlech bedeit.

Lauschterenplay_arrow