Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  Joseph Haydn - Pianos Trio a Ré Majeur, Hob.XV:16, II. Andantino piu tosto Allegretto - Oberlin Trio

play_arrow Live
opus

/ Zwee Chéier, een Orchester an de Pierre Cao

KLASSIK AKTUELL

Zwee Chéier, een Orchester an de Pierre Cao

De mëttlerweil 86 Joer ale Lëtzebuerger Dirigent Pierre Cao dirigéiert de 27. Abrëll 'Die Schöpfung' vum Joseph Haydn am Stater Conservatoire.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Abrëll 2024 | © radio100,7 (c) Christophe Mirkes play_arrow
Pierre Cao

Déi zwee Chéier 'Ambitus' (Dirigent: Roby Schiltz) an 'Ensemble Vocal du Luxembourg' (Dirigent: Matthias Rajczyk) kooperéieren am Joseph Haydn sengem Oratorium 'Die Schöpfung'. Instrumental ënnerstëtzt ginn d'Sängerinnen a Sänger vum Estro Armonico (kënschtleresche Leeder: Guy Goethals). De gesamte Concert steet ënnert der musikalescher Leedung vum international gefeierte Lëtzebuerger Dirigent Pierre Cao.

De Christophe Mirkes huet sech mam 86 Joer alen Dirigent an der Loge vum Auditoire am Stater Conservatoire getraff. Si schwätzen iwwert 'Die Schöpfung' an iwwer dem Pierre Cao seng Verbindung zu Lëtzebuerg.

Lauschterenplay_arrow