Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Camille Saint-Saëns - Concerto fir Cello Nr.1, Op. 33, I. Allegro non troppo - Damien Ventula (Cello), Orchestre de Chambre de Toulouse, Gilles Colliard (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Spannende Vott am US-Kongress iwwer d‘Hëllefe fir d‘Ukrain

USA

Spannende Vott am US-Kongress iwwer d‘Hëllefe fir d‘Ukrain

Mat Spannung gëtt an den USA op de Vott am US-Kongress iwwer d‘Hëllef fir d‘Ukrain gewaart. De Vott ass haut den Owend eiser Zäit. Et geet ëm Hëllef an héicht vun 61 Milliarden Dollar.

auto_stories

1 min

USA Washington Kapitol | © Bigstock / rarrarorro
Foto: Bigstock / rarrarorro

Déi Hëllef ass fir d’Ukrain liewenswichteg. Der Ukrain ginn d’Munitioun an ass néideg fir de Kampf géint Russland.

Am Representantenhaus hunn d’Republikaner eng knapp Majoritéit an eng Rei vun hiren Deputéierten si géint eng weider Hëllef un d’Ukrain. Deemno kéint de republikanesche President vum Representantenhaus de Mike Johnson säi Poste verléieren.

Nieft der Hëllef un d’Ukrain gëtt awer haut och ee Budget fir Israel a fir Taiwan ofgestëmmt.