Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Abbate Ranieri Capponi - Kammersonat Nr.8 a Mi Mineur, III. Affettuoso - Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Mozart, You Drive Me Crazy!

Klassik-Album vun der Woch

Mozart, You Drive Me Crazy!

D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Eng Sortie déi begeeschtert

D'Musek vum Wolfgang Amadeus Mozart z'interpretéieren ass dacks méi schwéier, wéi et sech vu baussen unhéiert. Dat kann een als Interpret:in schonn emol verréckt maachen. Op d'Mannst ass dat d'Meenung vun der Südafrikanescher Sopranistin Golda Schultz, déi op hirem neien Album "Mozart, You Drive Me Crazy" de Fokus op déi staark Fraerollen am Mozart sengen Opere leet. Einfach héiere sech hir Interpretatiounen et un. Dofir awer dacks liicht, héich emotional an immens kloer. Et ass eng Sortie, déi begeeschtert.

Begeeschterung, ab der éischter Sekonn

Beim Opleeë vum Album, gëtt een einfach an d'Mëtt vun der Musek era gepucht. Et huet een den Androck, et géif een "Aschalten", datt virdru schonn eppes geschitt ass, wat ee verpasst huet. Dat ass awer net schlëmm, well een trotzdeem alles versteet. Et huet ee souzesoe genee am richtegen Ament "ageschalt".

D'Golda Schultz ka mat hirer klorer a renger, an trotzdeem immens kräfteger Stëmm begeeschteren. Mat där, bréngt si et ëmmer erëm fäerdeg ze zauberen, d'Nolauchter:inne matzerappen, an d'Emotioune vun der Musek ze vermëttelen.

E Konzept, dat opgeet

Am Mëttelpunkt vum Album stinn Extraiten aus Opere vum Wolfgang Amadeus Mozart. De Fokus läit op de staarke weibleche Rollen, déi dacks schwéier Prüfungen erdroe missten, seet d'Golda Schultz. Si géifen Trauer a Traumaen iwwerwannen a sech ëmmer erëm weider entwéckelen.

Vermëttelt ginn dës Entwécklungen net nëmmen iwwer Arien, mä och mat de passende Rezitativen. Wärend Arien éischter eng Momentopnam sinn, gëtt an de Rezitativer d’Handlung weider gedriwwen. Deementspriechend sinn et keng Lidder mat engem Refrain, dee widderholl gëtt, mä et ass een um Schwätzen orientéierte Gesang, dee vun "A" op "B" féiert. Op Compilatioune feele Rezitativer dacks, well se manner “Hit-Qualitéiten” hunn, mä hei maache se absolutt Sënn, well si d’Gefiller vun den Arien an hire Kontext setzen, an se d’Evolutioun vun de Charakteren ervirhiewen.

Lauschterenplay_arrow