Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Philip Glass - Etude Nr.9 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg gesäit bilateralen Accord fir militäresch Hëllef mat der Ukrain vir

NATO Krisesëtzung

Lëtzebuerg gesäit bilateralen Accord fir militäresch Hëllef mat der Ukrain vir

D’Verdeedegungsministere vun der NATO hunn an enger Krisesëtzung dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj d’Liwwerung vun neie Loft-Ofwiersystemer accordéiert. Allerdéngs gëtt et fir den Ament kee genauen Delai.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Konkret Propose sollen an de nächsten Deeg annoncéiert ginn, sot gëschter no där Reunioun iwwert Videokonferenz den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg.

De Wolodymyr Selenskyj huet präziséiert, datt säi Land op d‘mannst 7 Patriot-Ofwier-Systemer géif brauchen.

Lëtzebuerg huet an Ofsprooch mat der Ukrain iwwert ee bilateralen Accord eng militäresch Hëllef virgesinn. Derbäi kënnt d'Participatioun u multilateralen Accorden ewéi d’IT-Koalitioun déi Hëllefen an der Informatik liwwert oder nach d’Koalitioun zur Militär-Loftofwierkraft an d’Artillerie-Koalitioun.