Rhapsody in Blue an An American in Paris si längst Klassiker am Repertoire - de musikalesche Portrait vun zwou Konschtmetropolen: New York a Paräis. Dat ass d'Destinatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert dem Wayne Marshall, deen nieft de Gershwin-Wierker och nach Kompositioune vu Bernstein, Ellington a Zygel dirigéiert.
De Guy Engels moderéiert de Concert haut (19.04.) den Owend um hallwer aacht live aus der Philharmonie. Hie verréit dem Christophe Mirkes an engem Gespréich a wéi eng Stied d'Rees higeet.