Radioen

On air

De barocke Moien  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.3 a Ré Majeur, D 200, II. Allegretto - Münchner Symphoniker, Kevin John Edusei (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ DP Kongress: Programm a Walslogan fir d'Europawale goufe presentéiert

Europawalen

DP Kongress: Programm a Walslogan fir d'Europawale goufe presentéiert

“Europa. Stäerken, wat eis schützt” – mat deem Slogan geet d’DP an d’Europawale vum 9. Juni. Op hirem Kongress de Moien zu Leideleng hunn déi Liberal och hire Walprogramm fir d’Europawale virgestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Pierre Reyland play_arrow
Foto: Pierre Reyland

D’Leitmotiv ass: An dësen onstabillen Zäite vu Krich a Klimakris misst den europäesche Friddens- a Wuelstandsprojet gestäerkt ginn. 

Um Kongress huet d‘DP sech optimistesch gewisen - no hire Gewënner bei de Gemengen- a Chamberwalen zejoert hoffen déi Liberal, datt deen Elan och den 9. Juni unhält.

Däitschtert Bild vun der EU

Wat den Zoustand vun der EU ugeet, huet der DP hire laangjäregen Europadeputéierte Charel Goerens, deen och dës Kéier Co-Spëtzekandidat ass, awer en zimmlech däischtert Bild gezeechent. D‘EU wier mat gewaltege Problemer konfrontéiert, dorënner de russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain, d‘Klimakris, an aner Problemer:

„Déi hate mer an enger vergläichbarer Period an der Geschicht nach ni virdrun.“

Do derbäi kéim dann nach den Opschwong vu Riets-Extremismus an Europa.

„An dofir hu mer gesot, mir loossen eis eise Projet net vun deene Bridder versaueren.“

Atomkraaft: DP a JDL net op enger Linn

Als Prioritéite ginn am DP Europawal-Programm ënner anerem eng „Wirtschafts- a Sozialpolitik am Déngscht vun de Bierger“ genannt, an eng effikass Bekämpfung vum Klimawandel. D‘Klimaneutralitéit kéint een ouni Atomkraaft awer net onbedéngt erreecht, huet de Lou Linster, President vun de Jonken Demokraten, och um DP Kongress nach emol gesot.

„Et ass net fir näischt, dass och d'Lëtzebuerger Industrie fir d'Atomkraaft ass. Eng Industrie kann net funktionéiere mat enger Stroumversuergung, déi net fiabel ass.“

De Xavier Bettel huet dorop geäntwert an der Mammepartei hir Linn, wat d‘Atomkraaft ugeet, kloer gezeechent:

„Den Dag wou Atomkraaft sécher ass, a wou den Atommüll kee Problem ass, kann een driwwer schwätzen. Mee déi Garantie gëtt et den Ament net."

Amela Skenderović de "Rising Star"

E Walzil huet d‘DP op hirem Kongress net formuléiert. Nieft dem Charel ass steet, als Co-Spëtzekandidatin, d‘Amela Skenderović.

Déi 28 Joer al Enseignante vun Esch hat zejoert bei hiren éischte Gemenge- a Chamberwalen net schlecht fir d‘DP ofgeschnidden, fir hir éischt Europawale setzt d‘DP elo vill Hoffnung an hiren neie „Rising star“.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik