Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
opus

/ Bei Messerattack am Elsass: Eng Schülerin wéinst Häerzstëllstand ëm d‘Liewe komm

Frankräich

Bei Messerattack am Elsass: Eng Schülerin wéinst Häerzstëllstand ëm d‘Liewe komm

Am Elsass ass eng Schülerin no enger Messerattack an enger Schoul an der Géigend vu Stroossbuerg gestuerwen. Dat 14 Joer aalt Meedchen hat wärend dem Policeasaz an der ofgerigelter Schoul en Häerzstëllstand.

auto_stories

1 min

D‘Schoulverwaltung huet de Muere confirméiert, d‘Meedche wier duerno am Spidol verscheet. Et ass net kloer, op dat Jugendlecht scho virdrun Häerzproblemer hat. Gëschter hat e Mann eng 11 Joer al Schülerin virun der Schoul mat engem Messer um Hals blesséiert.

Op enger Plaz nobäi huet hien och e 7 Joer alt Meedchen ugegraff an och liicht blesséiert. Ee Verdächtegen, en 30 Joer ale Mann, gouf festgeholl. Éischten Erkenntnisser no wier hie psychesch labil. Säi Motiv ass nach onbekannt, de Parquet schléisst en terroristeschen Hannergrond aus.