De 27. Abrëll ass dem Alexander Nikolajewitsch Skrjabin säin 109. Doudesdag. Passend zum Thema plangt d'Pianistin Blandine Waldmann en Zyklus vu Concerten ënner dem Titel “la parfaite résonance”. Do spillt si d'Integral vum Skrjabin senge Sonaten esou wéi dräi Wierker vum Franz Liszt. Am Gespréich mam Marie Trussart huet si ënner anerem verroden, wéi een sech déi perfekte Resonanz tëschent dem Skrjabin an dem Liszt virstelle kann.