Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir Gei a Mi Majeur, BWV 1042, III. Allegro assai - Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Aventure Camping

Virum Start vun der Campingsaison

Aventure Camping

Och wann den Abrëll bis ewell wiedertechnesch mécht wat e wëll, esou si vill Campinger hei am Land well gutt gefëllt. Och zu Bäerdref um Camping Belle Vue 2000 ass dat de Fall. Mat den zwee Bedreiwer huet Christiane Kleer sech iwwer d'Theema Campen zu Lëtzebuerg ënnerhalen.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

Camping Belle Vue | © Darius Stein play_arrow
De Jean an de Bernie Speller vum Camping Belle Vue 2000. (Foto: Darius Stein)

D’Gebridder Bernie a Jean Speller sinn d’Bedreiwer vum Camping Belle Vue zu Bäerdref. Dat trotz hirem éischter ongewéinleche Background: De Bernie Speller ass nämlech Kiné, an de Jean Speller ass Architekt. An awer krut hire Papp si iwwerzeegt, de Camping, deen et zanter 1974 gëtt, ze iwwerhuelen.

Vum Zelt bis bei de Glamping

Alle béid gefält den Job vum Campingsbedreiwer, och wann et an der Héichsaison heiansdo mol méi stresseg kann hiergoen. Am Verglach zu den 1970er Joren huet sech awer natierlech villes verännert. Fréier hunn d’Leit sech mat engem Zelt zefridde ginn. Hautdesdaags ass Glamping (glamorous Camping) voll am Trend. Op de Campinger fënnt een dofir ëmmer méi Chaleten oder Mobilhomë mat Toilette an Dusch. De Camper mam Zelt ass rare ginn. Dat wëssen och d’Gebridder Speller.

Mee zu Bäerdref géing een där awer nach untreffen. Dat läit virun allem un den Aktivitéiten, déi een am Mëllerdall ka maachen. Esou ginn et vill Kloterer, déi de Wee op de Camping fannen, an déi schlofen dann och dacks am Zelt.

© Darius Stein
(Foto: Darius Stein)

All zéng Joer verännert sech de Client

Als Campingbedreiwer géinge si probéieren, vir all Typ vu Client eppes unzebidden, esou d’Gebridder Speller. Sief dat fir d’Familljen, déi an der Héichsaison kommen, fir Leit, déi mam grousse Camper kommen, oder fir déi, déi am Zelt iwwernuechten. All zéng Joer ongeféier géife sech d’Verhalen an d’Preferenze vun de Clientë veränneren, soen d’Campingsbedreiwer vu Bäerdref.

Dofir ass et wichteg, zukunftsorientéiert ze schaffen a reegelméisseg ze investéieren an ze moderniséieren.

D'Erausfuerderunge vum Klimawandel

Virausschauend plange gëllt et awer och wann et ëm de Klimawandel geet. Natierlech wieren déi méi waarm Summere gutt fir de Camping, esou de Bernie Speller, mee dat ass awer och gläichbedeitend mat méi staarkem Reen an enger méi héijer Iwwerschwemmungsgefor.

Déi staark Iwwerschwemmungen am Joer 2021 hätten op ville Campinge grousse Schued ugeriicht. Camprilux géing dofir aktuell un engem neien Héichwaasserschutzkonzept schaffen, fir Campinger, déi no um Waasser leien.

© Darius Stein
(Foto: Darius Stein)

Camping-Hype an Däitschland

Datt zanter der Coronapandemie och méi Lëtzebuerger de Wee op de Camping fannen, dat mierkt een och zu Bäerdref. Mee hält den Trend dann iwwerhaapt un? 

Jo, soen d’Gebridder Speller. Mee virun allem bei eisen däitschen Nopere kann ee vun engem reegelrechten Hype schwätzen. D’Verkafszuele vun de Campingcare sinn do an d’Luucht geschoss. Dofir probéiert een och op Lëtzebuerger Campinger deem Trend gerecht ze ginn, andeems spezielle Stellplaze fir déi grouss Gefierer gebaut ginn. Do kënnen d’Gäscht dann direkt Stroum a Waasser unzapen.

Bis d’Héichsaison am Summer ufänkt, dauert et awer nach e bëssen. Bis dohinner fënnt een éischter déi méi haardgesonne Campingsgäscht zu Bäerdref. Déi, déi sech och op engem vereente Freidegmoien am Abrëll net ze schued sinn, duerch déi naass Wiss hir Bréidercher sichen ze goen.

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft